search

/ Logement als Tripartite-Sujet? Mir kënne och aner Büne fannen, seet de Claude Meisch

Logementspolitik

|
reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow

Logement als Tripartite-Sujet? Mir kënne och aner Büne fannen, seet de Claude Meisch

De Wunnengsbau ass a bleift eng vun de gréissten Erausfuerderungen zu Lëtzebuerg. Gehéiert de Sujet dofir och op den Agenda vun der Tripartite? De Logementsminister Claude Meisch wëllt am 100,7-Interview op déi Fro weder mat Jo, nach mat Nee äntweren.

reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow
De Claude Meisch | © Jo Diseviscourt
De Claude Meisch (Foto: Jo Diseviscourt)

Hien hätt der Regierung gesot, datt hie bereet wier, d’Theema Logement an der Tripartite ze diskutéieren, seet de Claude Meisch. De Minister hätt awer och schonn héieren, datt d’Meenungen dozou bei de Sozialpartner auserneeginn.

“Mir kënnen dat gären diskutéieren, mee mir mussen aus der Phas vun den Diskussiounen erauskommen an Decisiounen huelen.”

An zwou Woche soll d’Tripartite bekanntlech sinn. De Claude Meisch weist sech esou kuerz virdrun nach flexibel, wat den Agenda dovun ugeet. De Logement kéint een och ëmmer nach op anere "Bünen, Tribünen oder Forumen" diskutéieren, mengt den DP-Politiker.

"De Bagger rullt", awer nach laang net iwwerall

Kloer wier, datt een en neie Mesurëpak bréicht, fir dem Stëllstand am private Bau entgéintzewierken. Déi ëffentlech Hand hätt iwwerdeems hir Responsabilitéit iwwerholl, mengt de Claude Meisch.

“Mir hu Vefa’en opkaf, an de Logement abordable investéiert, mee de Staat eleng kann dat net schëlleren. De Problem ass och net bei den Autorisatiounen, déi laang daueren, mee beim Finanzement.”

Am ëffentleche Wunnengsbau géif de "Bagger rullen", seet de Logementsminister. Och d’Opkafprogrammer vum Staat a vun de Gemenge géinge gutt lafen. Et misst een awer méi geziilt op d’Situatioun reagéieren. An deem Kontext kënnt de Minister ëmmer nees op de Problem vum Finanzement zeréck.

Baue wäert méi deier ginn

Déi aktuell Opkafprogrammer kéinten awer "en Tick méi intelligent" oflafen, mengt de Claude Meisch. Wéi hie sech dat konkreet virstellt, konnt hien awer nach net verroden.

“Ech hunn d’Gefill, mir hunn d’Potential fir nach méi kënnen ze beweege wéi dat, wat mir maachen.”

Am aktuelle Kontext vun der weltwäiter Wirtschaft maachen dem Claude Meisch zwou Entwécklunge Suergen: Engersäits den Impakt vun der Inflatioun op d’Baukäschten, an de Finanzement, deen duerch méi héich Bauzënsen nach méi schwiereg ka ginn.

E Loyers-Gesetz, dat net méi zäitgeméiss ass

Donieft klammen och d’Loyeren, wat virun allem d’Persoune mat klenge Revenue belaascht. Laut engem Gesetz sollen d’Loyeren net méi héich si wéi 5 Prozent vum Investissement, dee vum Proprietär an d’Wunneng gefloss ass. Der Fondatioun IDEA no géing sech dorun awer net ëmmer gehale ginn.

All Acteure wiere sech eens, datt dëst Gesetz net méi zäitgeméiss wier, hält de Claude Meisch fest.

“D’Geriichter wëlle sech an hiren Urteeler och net méi drun halen.”

Dofir wier een zënter zwee Joer amgaangen Analysen ze maachen iwwer de Secteur vun der Locatioun. Och an der Chamberskommissioun géing doriwwer diskutéiert ginn, wéi en neit Gesetz kéint strukturéiert ginn, fir datt et interessant bleift weiderhin a Wunnengen ze investéieren a gläichzäiteg de Locataire ze protegéieren.

E "Mietkadaster" fir méi Transparenz

Dëst ass e schwieregen Equiliber, mee de Claude Meisch ass optimistesch.

“Eng Richtung ass e Mietkadaster als Orientéierung, deen och méi Transparenz géing schafen.”

An esou engem Kadaster géinge pro Quartier all d’Wunnenge vun engem änleche Baujoer, enger änlecher Energieklass a Gréisst zesumme gekuckt ginn, fir esou en Duerchschnëttsloyer ze berechnen. Esou kann de Loyer zwar nach ëmmer ëm puer Prozent klammen, méi awer och net.

Et ass allerdéngs net evident fir u fiabel Donnéeën ze kommen, seet de Claude Meisch. Eng Iddi kéint d’Digitalisatioun vun den direkte Steiere bidden.

Fir de Logementsminister ass awer kloer, datt vill Lëtzebuerger nach "vill Suen um Spuerkont" leien hunn, déi kéinten an de Steen investéiert ginn. 

play_arrow Lauschteren