Virdru ware sech den afrikaneschen Nationalkongress ANC an déi liberal demokratesch Allianz, déi bis elo an der Oppositioun war, eens ginn, fir eng nei Regierung mat och nach anere Parteien ze forméieren.
Den ANC, deen 1994 mam Nelson Mandela un d‘Muecht komm war, hat bei de Walen Enn Mee fir d‘éischte Kéier seng absolut Majoritéit verluer.