D’Ausstellung am Musée Dräi Eechelen mam Titel “sub umbra alarum”, also am Schied vun de Flilleken, geet 300 Joer zréck an der Zäit, an déi éischt Hallschent vum 18. Joerhonnert, wéi Lëtzebuerg Deel vun der éisträicheschen Niederlande war a vun den Habsburger regéiert gouf. Si weist, wéi d’Festung Lëtzebuerg ausgebaut ginn. Déi Zäit gouf fest mat engem Krich ëm Lëtzebuerg gerechent.
An der Ausstellung begéint een och eng Rei Nimm, déi engem geleefeg sinn, wann een d’Stad e bësse kennt: Nimm wéi Neipperg oder Thüngen. Déi zwee Co-Kommissäre vun der Ausstellung, Simone Feis a Ralph Lange erzielen, wien d’Persoune sinn déi sech dohannert verstoppen, iwwer d’Ausstellung an, d’Aart a Weis wéi se entstanen ass.
D’Ausstellung am Musée Dräi Eechele kann een nach bis Abrëll kucke goen.