arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Subsiden fir Nuetsbusse solle vum nächste Joer u verdräifacht ginn

Gemengen

|
headphones

1 min

Subsiden fir Nuetsbusse solle vum nächste Joer u verdräifacht ginn

D‘Subsiden déi d‘Gemenge kréie fir Nuetsbussen unzebidden, solle vum nächste Joer u verdräifacht ginn, dat vun 1500 op 4500 Euro pro Gemeng.

headphones

1 min

Wéi et vum Mobilitéitsministere heescht, wéilt een domadder d‘Verkéierssécherheet besonnesch fir déi jonk Clientèle verbesseren. 2024 hunn eng 100 Gemengen des Subsiden ausbezuelt kritt, am Géigenzuch mussen d‘Gemenge verschidden Oplagen erfëllen.