Stuerm op Madagaskar: Ekipp vum CGDIS soll hëllefen
Lëtzebuerg wäert Madagaskar wéinst dem Zyklon Gezani mat humanitärer Hëllef ënnerstëtzen. Wéi de CGDIS haut confirméiert, gouf op Ufro vum Europäesche Reaktiouns-Koordinatiounszenter eng Missioun vum Humanitarian Intervention Team – kuerz HIT vum CGDIS organiséiert.
V.l.n.r.: Tom De Waha, Steve Mack, Philippe Hein, Tom Zeihen (Foto: CGDIS)
Deemno goufen an Ofstëmmung mam CGDIS, dem Inneministère, an dem Ausseministère zwee Experte mat dem entspriechenden Ekipement a Madagaskar geschéckt. Dës sollen op der Plaz am Beräich vun der Kommunikatioun ënnerstëtzen. D‘Missioun ass fir ongeféier 3 Woche geplangt.
Op Madagaskar verursaacht den Tropestuerm Gezani aktuell Wandvitesse vu ronn 250 km an der Stonn. Iwwer 30 Mënsche sinn doduerch schonn ëm d‘Liewe komm.