arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Studentevertriedung ACEL wënscht sech eng méi ambitionéiert Pensiounsreform

Pensiounen

|
headphones

1 min

Studentevertriedung ACEL wënscht sech eng méi ambitionéiert Pensiounsreform

D’Studentevertriedung ACEL vermësst eng inter-generationnell Gerechtegkeet bei de geplangte Mesurë vun der Pensiounsreform.

headphones

1 min

Et géif een zwar begréissen, datt d‘Studiejore weiderhi géifen unerkannt ginn, mee d‘Erhéijung vun de Cotisatiounen ëm annerhallwe Prozent géif de Pensiounssystem just bis 2030 ofsécheren, esou d’Vertrieder:inne vun der ACEL op hirer Rentréespressekonferenz.

D‘ACEL hätt sech eng méi ambitionéiert Reform gewënscht, bei där déi Leit, déi elo cotiséieren, och eng Ofsécherung fir d‘Zukunft hätten. Si bedaueren och, datt vill iwwer, mee net mat de Jugendlechen an de Sozialronnen geschwat gi wier.

Positiv Ännerunge bei der Studentebourse

D’Studentevereenegung begréisst awer, datt d’Chamber an noer Zukunft soll iwwer en iwwerschafft a moderniséiert Bourse-Gesetz ofstëmmen, esou de Laurent Schengen, Vizepresident vun der ACEL.

"Datt eeben d'Bourse un den Index gebonne gëtt, an zwar all Semester, net all Joer, wéi et bis elo war, datt den Taux vun den Zënsen, dee wann een e Prêt bei der Bank ufreet, net méi op 2 Prozent gedeckelt ass, mee op 1 ,8 Prozent gedeckelt ass, an datt d'Bourse de mobilité och eropgeet."