arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Streng Krittären, mee wéi transparent an onofhängeg ass d'Jury vum ESC wierklech?

Eurovisioun Song Contest

|
reading time

5 min

headphones

6 min

play_arrow

Streng Krittären, mee wéi transparent an onofhängeg ass d'Jury vum ESC wierklech?

Wien den ESC schonn scho méi laang suivéiert, kennt d’Debatte ronderëm de Jury-Voting. Opfälleg Punkteverdeelungen tëschent bestëmmte Länner, däitlech Ënnerscheeder mat dem Publikums-Voting, a regelméisseg Froen iwwer d'Transparenz an d'Onofhängegkeet vun de Jury-Memberen.

reading time

5 min

headphones

6 min

play_arrow
© Sarah Louise Bennett/EBU
(Foto: Sarah Louise Bennett/EBU)

No der éischter Halleffinall gëschter, an der sech ënner anerem Israel, d'Belsch, Finnland a Griichenland fir d’Finall qualifizéiert hunn, decidéiert sech muer an der zweeter Halleffinall, ob Lëtzebuerg an d’Finall kënnt. Dobäi gëllen – an der Theorie – streng Reegele fir d’Jury-Memberen. Déi national Fachjurye vergi jo d’Hallschent vun alle Punkten, an hunn domat ee relativ groussen Afloss op d’Endresultat.

Wie setzt iwwerhaapt an der Jury? 

Et ginn eng sëllege Beispiller: Griichenland an Zypern ginn sech traditionell géigesäiteg héich Punkten. Skandinavesch Länner stëmmen dacks änlech of, an och ënnert Nopeschlänner gëtt et dacks héich Jurybewäertungen.

Esou Muster beim Jury-Voting suerge schonn zënter Jore fir Diskussioune ronderëm den Ofstëmmungssystem vum ESC. Dobäi sollen d’Juryen der EBU no ee Géigegewiicht par rapport zum Public forméieren.

Wien d’Membere vun den nationale Jurye sinn, decidéiert all Broadcaster selwer. Der EBU no musse si an iergendenger Aart a Weis aus dem Museksberäich kommen. D’Definitioun dofir gëtt awer relativ breet gehalen, wéi aus den Erklärunge vum Dave Goodman, Kommunikatiounschef fir den ESC, ervir geet. 

"Mir akzeptéiere Sänger, Museker, Komponisten oder Songwriter, mee och Persounen, déi hanner de Kulisse vun der Museksindustrie schaffen. Also Performeren, Choreographen, Bühnerealisateuren, Dänzer oder Creative Directors." 

Och Leit, déi Musek studéieren, dierfen derbäi sinn. 

"Awer och Persounen, déi iwwer d’Museksindustrie berichten, zum Beispill Kritiker, Journalisten oder TV-Produzenten." 

Wat gëtt iwwerhaapt bewäert vun der Jury? 

Bewäerte sollen d’Juryen dann d’Optrëtter no e puer Krittären. D’Kompositioun an d’Originalitéit vun de Lidder, d’Büneperformance, déi stëmmlech Leeschtung an de Gesamtandrock vum Akt.

Allerdéngs verginn d’Jurye keng direkt Punkten, mee si erstellen ee Ranking vun alle Lidder. Eréischt dorauser berechent dann een externe sougenannte Voting-Partner d’Moyenne an déi endgülteg Jury-Punkten.

D’Jury-Membere solle wärend der ganzer Prozedur net matenee schwätzen. Ausserdeem wier en Notär mat dobäi fir den Oflaf ze kontrolléieren. Op d’mannst mol esou war zejoert bei der Lëtzebuerger Jury, wéi e puer Memberen dovun erzielt hunn.

D’Jury-Membere mussen hei am Virfeld eng Deklaratioun iwwer hir onofhängeg Bewäertung ënnerschreiwen, erkläert nach den Dave Goodman vun der EBU.

"Si mussen en Dokument ënnerschreiwen, an deem si confirméieren, datt si fair an éierlech ofstëmmen an nëmmen no de Critèrë bewäerten, déi hinne virgi goufen." 

Natierlech dierfte se keng Verbindungen zu de konkurréierende Kënschtler, Plackefirmen oder Lidder hunn. 

"Si däerfen also keng Relatioun zu de Songs hunn, déi am Concours matmaachen, fir datt si onofhängeg kënnen ofstëmmen." 

An awer: 2024 krut Lëtzebuerg eenzeg vun Israel, a soss vu kengem Land, 12 Jury-Punkten. Diskussioune gouf et dann doriwwer, ob dat eppes domat kéint ze dinn hunn, datt d’Lëtzebuerger Vertriederin vun deemools Tali israeelesch Wuerzelen huet.

Wéi ginn d'Punkte gerechent? 

Den Dave Goodman vun der EBU gëtt hei zou, datt et allgemeng virkomme kann, datt kulturell Proximitéit oder soss Relatioune mat engem Land oder mat engem Sänger oder enger Sängerin eng Roll spille kënnen. 

"Natierlech gëtt et kulturell Verbindungen tëschent verschiddene Länner, an heiansdo kann dat d’Ofstëmmung beaflossen. Dat gesäit een och beim Publikumsvoting. Mee genee dofir hu mir elo siwe Jurysmemberen. Esou kritt een eng Moyenne vun de Meenunge vun alle Jurysmemberen, andeems all hir Rankings zesummegerechent ginn."

Aus deem Grond gouf dëst Joer d’Unzuel u Membere pro national Jury vu fënnef op siwen erhéicht. Wat also am Ganzen 245 Persounen ausmécht, déi Jurypunkten ofginn. Duerch dës Mesure erhofft sech d’EBU eng méi grouss Neutralitéit.

"Well wat et méi Jurysmembere ginn, wat méi extrem oder aussergewéinlech Meenungen duerch d’Bewäertunge vun den aneren ausgeglach ginn. Wat et méi Jurysmembere ginn, wat ee méi en Duerchschnëtt kritt an domat eng besser Representatioun vun de Meenunge vun allen. Esou ka keng eenzel Meenung dominéieren." 

Weider sinn zënter dësem Joer d’Juryen och erëm zeréck an den Halleffinallen.

Wie war fir Lëtzebuerg an der Jury? 

Nach zejoert hunn a waren dës nëmmen an der Finall present. An den Halleffinallen hate just d’Punkte vum Public gezielt.

Membere vun der Lëtzebuerger Jury vun zejoert waren iwwregens: de Musekschef vun RTL Jules Serrig, d’Schauspillerin a fréier ESC-Kandidatin Monique Melsen, de Museksproduzent Tom Gatti, d’Responsabel fir de Jugendprogramm vum Radio 100,7 Catherine Nothum, an den Direkter vun der Stater Theateren Tom Leick-Burns. Vill vun hinne wollten sech net an engem Interview dozou äussere, wéi si bei hirer Bewäertung virgaange sinn. 

Am Endeffekt wier et net méiglech komplett ouni den eegene subjektive Museksgout ee Ranking ze maachen, mengt nach den Dave Goodman.

"Jo et baséiert alles op perséinlecher Preferenz, mee d’Jurysmemberen hunn déi festgeluechte Critèren. Si kréien also Instruktioune fir dës Critèren a mussen hir perséinlech Bewäertung dorop opbauen."

Eng gewësse Subjektivitéit ass deemno net ganz wechzedenken, a léisst sech och net zu 100 Prozent iwwerpréiwen oder beweisen. D’EBU probéiert mat hire Reegelen op d’mannst e Kader a Grondprinzippie mat op de Wee ze ginn.

play_arrow Lauschteren