D'Gewerkschafte fuerderen, datt d'Congésdeeg an d’Salairen an den 102 Apdikten am Land opgewäert ginn. Deen aktuelle Kollektivvertrag wier vereelzt, betount den Zentralsekretär adjoint fir d’Gesondheetswiese beim OGBL, den Tom Mamer.
Mëttlerweil wieren och vill vun de méi nidderege Karriäre “vum Mindestloun opgefriess”.
"Et si Joren, déi do verginn, wou een dann an enger Apdikt schaffe kann, wou een um Mindestloun bleift. Do war eis Haaptfuerderung, wat d'Salairen ugeet, fir erëm op deen Niveau, wéi en 2006 verhandelt gouf, zréckzekommen. Da beim Congé d'nämmlecht, do gouf deemools eppes verhandelt. Mëttlerweil si jo ee Congésdag bäikomm um gesetzlechen Niveau."
Deen hätten d'Leit an den Aptikten awer net bäikritt, well am aktuellen Text nach vu 25 Deeg geschwat géif ginn. Dat wéilt een och nees hiewen, esou den Tom Mamer vum OGBL, dee bei den elo gescheiterte Verhandlunge mam Apdiktesch-Syndikat dobäi war.
E Streik ass méiglech
Och bei den Nuets- a Feierdags-Gardë géifen d’Positioune wäit ausernee leien. Den OGBL rechnet domat, datt deen éischte RDV op der Conciliatioun am November wäert sinn. Do hu béid Parteie lo 4 Méint Zäit, fir een Accord ze fannen.
Sollt dat net klappen, wier een ee Streik den nächste Schrëtt, esou nach den Tom Mamer.
An de Lëtzebuerger Apdikte schaffen am Ganze ronn 970 Leit.