Wéinst Warnstreiker ginn et an e puer däitsche Stied a Regiounen haut Perturbatiounen am ëffentlechen Transport. Dorënner München. Do wäert och den Champions-League-Match am Fussball tëschent de Bayern an Atalanta Bergamo betraff sinn.
D‘Gewerkschaft Verdi huet zum Streik opgeruff. Si fuerdert méi héich Salairen a besser Aarbechtskonditioune fir d‘Mataarbechter:innen.