Am Virfeld vum Streik haut um Samschdeg ware gëschter um Freideg 623 Vollen annuléiert ginn.
arrow_back_ios
Noriichten
130.000 Passagéier si betraff
|Streik bei Air Canada féiert zu Honnerten Annulatiounen
Bei der kanadescher Fluggesellschaft Air Canada streiken d‘Fluchbegleeder. Honnerte Flich goufen annuléiert. Méi wéi 130.000 Passagéier sinn dovu betraff. Hannergrond sinn Oneenegkeeten iwwer d‘Salairë vun de Fluchbegleeder am Kontext vu Spuermesurë vun Air Canada.
(Foto: EPA/GRAHAM HUGHES)