arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Streik: Air Canada annoncéiert Reprise vun de Vollen

130.000 Passagéier betraff

|
reading time

1 min

No Streik: Air Canada annoncéiert Reprise vun de Vollen

Vu Sonndegowend un soll de Betrib vun Air Canada nees opgeholl ginn. Dat annoncéiert déi gréisste kanadesch Fluggesellschaft. Fir de Streik op een Enn ze bréngen hat d'kanadesch Regierung intervenéiert.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)

Wéinst engem sozial Konflikt iwwert d‘Salairen huet d‘Fluchbegleedungspersonal vun der gréisster kanadescher Fluggesellschaft an der Nuecht vu Freideg op Samschdeg d‘Aarbecht néiergeluecht.

Honnerte Flich goufen annuléiert, eng 130.000 Passagéier si betraff. 

Déi kanadesch Aarbechtsministerin Patty Hajdu huet d‘Personal opgeruff, nees schaffen ze goen. An déi federal Regierung huet en onofhängegt Mediatiounsorgan agesat, fir de Sträit tëschent der Fluchgesellschaft an der kanadescher Gewerkschaft fir den ëffentlechen Déngscht ze léisen. 

Air Canada sot, datt hir Fligeren op d‘mannst nach bis de Sonndegmëtteg um Buedem bleiwen.