arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Streets of Minneapolis" - Bruce Springsteen verëffentlecht Protesthymn

USA

|
headphones

1 min

"Streets of Minneapolis" - Bruce Springsteen verëffentlecht Protesthymn

D'US-Musekslegend Bruce Springsteen huet den Awunner:inne vu Minneapolis eng Protesthymn dediéiert. Mam Titel "Streets of Minneapolis" ("Stroosse vu Minneapolis") riicht hie sech géint déi gewaltvoll Asätz vun der Migratiounsautoritéit ICE an den US-President Donald Trump. 

headphones

1 min

Bruce Springsteen | © EPA/ROBERT WENGLER DENMARK OUT
Bruce Springsteen (Foto: EPA/ROBERT WENGLER DENMARK OUT)

Am Lidd kritiséiert hien "d'Privatarméi vum Kinnek Trump", déi op d'Rechter vun de Leit trëppelt a schreift ënner anerem vun enger Stad, déi am déiwe Wanter géint "Feier an Äis (ICE)" kämpft.

Hommage u Renée Good an Alex Pretti

De Museker schreift, d'Lidd wier de "Mënsche vu Minneapolis, den onschëllege Migranten, Noperen dediéiert". Et wier och eng Hommage un d'Renée Good an den Alex Pretti, déi jo vun ICE-Beamten erschoss goufen. 

D'Protesthymn erënnert u säi Lidd "Streets of Philadelphia", dat hien 1993 fir de Film "Philadelphia" geschriwwen huet. Dofir hat hien ënner anerem den Oscar gewonnen.