arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Strategie fir Ëmgang mat KI an de Schoule gëtt agefouert

Rentrée 2025

|
headphones

2 min

Strategie fir Ëmgang mat KI an de Schoule gëtt agefouert

"Zesummewuessen – Bildung verbënnt": Ënnert deem Motto huet den Educatiounsminister Claude Meisch d'Prioritéite fir d'Schoulrentrée virgestallt. Eng vun den Haaptprioritéiten ass dobäi, d'Méiglechkeete fir eng Alphabetiséierung op Franséisch an anere Sproochen an de Schoule weider auszebauen.

headphones

2 min

Den Educatiounsminister Claude Meisch | © MLOGAT / olivier pirrotte photography
Den Educatiounsminister Claude Meisch (Foto: MLOGAT / olivier pirrotte photography)

Vun der nächster Rentrée u soll an alle Grondschoulen am Land am Zykel 1.2 eng Alphabetiséierung op Däitsch an op Franséisch ugebuede ginn. 

Eng aner Prioritéit fir des Rentrée ass de Gebrauch vun der kënschtlecher Intelligenz an der Schoul. Nodeems zejoert de Smartphone Verbuet an der Grondschoul an en limitéierte Gebrauch vum Smartphone an de Lycéen ageféiert gouf, lancéiert den Educatiounsministère dëst Joer eng "national Strategie fir den Ëmgang mat der KI an der Schoul". Déi grouss Linnen dovun sollen an de nächste Woche virgestallt ginn. Dem Educationsminister Claude Meisch no, géif et energsäits drëm goen, fest ze leeën, wéi d‘Kënschtlech Intelligenz an der Schoul nëtzlech kann agesat ginn. Aanerersäits, awer, misst se och limitéiert ginn, esou de Claude Meisch:

"Selwer sech eng Meenung ze maachen, selwer ze denken, ass essentiel fir eist Zesummeliewen, et ass essentiel fir eis Demokratie, et ass essentiel fir d' Entwécklung vun de kognitive Kompetenze vun de Kanner. An ech maache mer scho Suergen, datt wann d' KI fräi zougänglech ass fir Kanner an ze fréi fräi zougänglech ass fir Kanner a fir Jonker, datt dat zu enger genereller kognitiver Veraarmung vun den nächste Generatioune ka féieren."

De Claude Meisch wäert dann och Muer bei eis den Invité vum Dag sinn an iwwert d'Rentrée ze schwätzen.