arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sträit tëschent USA a Venezuela eskaléiert: Trump blockt Pëtrolsschëffer

Kampf géint Drogekarteller?

|
headphones

1 min

Sträit tëschent USA a Venezuela eskaléiert: Trump blockt Pëtrolsschëffer

D'USA verschäerfen hir Aktioune géint Venezuela: Den US-President Donald Trump huet elo eng Blockad annoncéiert vun alle Pëtrolsschëffer, déi ënner Sanktioune falen an déi Venezuela ufueren oder verloossen.

headphones

1 min

© EPA/AARON SCHWARTZ / POOL
(Foto: EPA/AARON SCHWARTZ / POOL)

Den Donald Trump gehäit der Regierung vu Venezuela vir, de Pëtrol ze benotze fir Drogekarteller ze finanzéieren.

Washington behaapt, de venezuelanesche President Nicolás Maduro wier un der Spëtzt vun engem Reseau vun Drogekarteller.

Den Nicolás Maduro seet, d‘USA wéilten hien a seng Regierung stierze fir d‘Kontroll iwwer déi grouss Pëtrolsreserve vu Venezuela ze kréien.

Konflikt hält zënter dem Summer un

D‘lescht Woch haten d‘USA an der Karibik e Pëtrolsschëff beschlagnaamt, dat Pëtrol aus Venezuela op Kuba wollt bréngen.

Zënter dem Summer hunn d‘USA hir Militärpresenz an der Karibik verstäerkt an ëmmer nees kleng Schëffer bombardéiert, déi den USA no fir den Drogeschmuggel aus Venezuela géife benotzt ginn.