Dat geplangte Wandrad vun 230 Meter Héicht soll 750 Meter vun den éischten Haiser ewechstoe kommen. D’Firma argumentéiert, et géif sech un d’Norme gehale ginn. D’Awunner:inne vu Bierden fäerten awer Auswierkungen op hir Gesondheet an hir Liewensqualitéit.
Distanz zu den Haiser wier ze kleng
Si fuerderen, datt den entspriechenden Arrêté vun der deemoleger grénger Ëmweltministerin Joëlle Welfring vun Dezember 2022 reforméiert oder annuléiert gëtt.
An deem Sënn war d’Affekotin Marianne Goebel am August zejoert fir eng 10 Bierdener:innen op den Tribunal administratif gaangen. Fir d’Affekotin vun den Awunner:inne kéim déi geplangte Wandmillen ze no un d’Haiser erun, an déi Distanz wier net egal.
D’Firma Soler - déi 40 Prozent vun der Societéit Wandpark Nordenergie hält - géif selwer 900 bis 1.000 Meter Distanz zu den Haiser fir néideg empfannen. Hei kéim een awer eben nëmmen op 750 Meter.
Infraschall: Risiko fir d'Gesondheet?
Esou Wandrieder kéinten net egal wou installéiert ginn, seet d’Marianne Goebel, déi och vun engem Prezedenzfall schwätzt. A vun Infraschall vun der Wandmillen, deen op d’Gesondheet vun de Leit wierke kéint. Dowéinst misst gekuckt ginn, ob do e Risiko ass oder net. Den Dossier wier iwwerdeems héich politesch, well de Wëllen do wier, fir eppes duerchzeboxen.
An den Ae vum Serge Marx, Affekot vu Wandpark Nordenergie ass dëst souguer eng extreem politesch Affär.
Dobäi bräicht et Wandmille fir d’Energieonofhängegkeet. Dat wier méi wichteg wéi jee. D’Firma géif just Sitten zeréckbehalen, déi am mannsten Impakt hunn. Deemno wier de Projet op Häerz an Niere gepréift ginn.
Schéin oder net schéi wier hei net de Géigestand vun der Debatt, mee de Fait, ob dem Gesetz Rechnung gedroe gëtt oder net.
Norme géifen net iwwerschratt ginn
Wat den Infraschall ugeet, wier dozou, wéi de Serge Marx betount, souguer eng extra Etude gemaach ginn. Déi wier zur Conclusioun koum, datt den Infraschall duerch Wand an Trafic méi héich wier wéi deen duerch d'Wandmillen.
An d'Distanzdebatt wier eng falsch. Hei géif et vill méi ëm Norme goen, an déi géifen net iwwerschratt ginn.
D'Urteel an dëser Affär gëtt an den nächste Woche gesprach.