arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sträit an der Piratepartei - wéi gesäit et aktuell aus? 

Parteipolitik

|
reading time

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Sträit an der Piratepartei - wéi gesäit et aktuell aus? 

Viru genee engem Joer ass den aktuellen LSAP-Deputéierte Ben Polidori aus der Piratepartei ausgetrueden. Dat wéinst internen Divergenzen. Am leschte Joer hunn am Ganze 6 gewielte Vertrieder d'Partei verlooss. Am Total wieren et ronn 25 Memberen. Dozou komme juristesch a finanziell Problemer.

reading time

4 min

headphones

6 min

play_arrow

“D’Partei steet finanziell an enger schwiereger Situatioun, bleift awer politesch komplett handlungsfäeg”, esou d'Äntwert vun der Piratepartei. Verwise gëtt dobäi och op d'Saisie viru knapp dräi Méint vu knapp 24.000 Euro op de Konte vun der Piratepartei, am Kader vun der Enquête vum Europäesche Parquet wéinst der Affär ronderëm d'Entwécklung vun der Sproochenapp MALT.

"E Problem vum Cash-Flow"

Wat déi aktuell finanziell Situatioun vu senger Partei ugeet, géif et ëm eng Cash-Flow-Fro goen, awer net ëm eng strukturell Fro, preziséiert den Deputéierte Sven Clement.

“Et ass keng einfach Situatioun, dat war bekannt. Ech ka confirméieren, datt och vu menger Säit aus alles gemaach gouf iwwer déi lescht Wochen a Méint fir déi Situatioun drobar ze halen.”

Méi Detailer dozou wëllt de Sven Clement net nennen. Enn Mee hat hien eis nach gesot, datt d'Saisie vun de knapp 24.000 Euro keen direkten Impakt op seng Partei hätt: D'Paie kéinten normal bezuelt ginn.

Clement kooperéiert mam Parquet

Wéinst der Affär MALT war de Sven Clement de leschten Hierscht eng Kéier vun der Lëtzebuerger Police judiciaire gehéiert ginn. Bis elo hätt et kee weidere Rendez-vous ginn, esou den Deputéierten zu dëser Affär.

“Et ass an der Enquête. De Parquet européen mécht seng Aarbecht do a souwäit et mir méiglech ass, kooperéieren ech mat hinnen an all deene Froen.”

Fir de Fall, datt d'Piratepartei wéinst der Affär MALT enges Daags Suen un de Staat misst zeréckbezuelen, wieren intern Schrëtt ënnerholl ginn, erkläert de Sven Clement.

“Déi Sue sinn am Budget approvisionéiert. An deementspriechend stelle sech déi Froen dee Moment, wou genee Montante géife kommen.”

D'Chamber hat virun engem Joer decidéiert, datt d'Finanze vum parlamentareschen Deel vun der Piratepartei duerch de Lëtzebuerger Rechnungshaff solle kontrolléiert ginn. De Rapport dozou soll - eisen Informatiounen no - am Hierscht oder Wanter erauskommen.

“Mir beäntwerten all d’Froen, déi mir kréien, mir liwweren déi Piècen, déi mir hunn a mir loossen d’Cour des Comptes hir Aarbecht maachen.”

Kee Presseiesse mat de Piraten

D'Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, presentéieren dëser Deeg de Bilan vun hirer parlamentarescher Aarbecht, verbonne - wéi all Joer - mat engem Mëttegiessen och fir d'Medievertrieder. D'Piratepartei wäert dëst Joer awer keen esou ee Rendez-vous organiséieren, erkläert de Sven Clement.

“Dat war bis elo net virgesinn. Mir waarden och am Moment drop, wat eis d’Cour des Comptes zu deenen Iesse seet. Well och zu deene Presseiessen krute mir eng ganz Hickecht Froe gestallt, vun der Cour des Comptes, wat déi Praxis potentiell generell kéint a Fro stelle fir all d’Parteien. An et geet ee sech jo net nach eng Kéier zousätzlech exposéieren, wann ee weess, datt et do Froe gouf.”

Clement vs. Goergen

Gläichzäiteg muss de Sven Clement domat awer och net zesumme mam anere Piratendeputéierte Marc Goergen virun d'Mikroen an d'Kameraen trieden, mat deem et jo an de leschten 12 Méint zum Deel décke Sträit gouf, mat ëffentleche Virwërf vu béide Säiten.

“Mir sëtze Stonnen a Stonnen hei niefteneen an der Chamber. Mir schwätze mateneen, mir schaffe mateneen, mir schwätze Motiounen ënnereneen of, mir schwätze Votten ënnereneen of.”

Och mam Ben Polidori - dee jo virun engem Joer aus der Piratepartei ausgetruede war - hätt hie Kontakter, seet de Sven Clement.

“Ech schwätze mat him, warscheinlech souguer méi wéi mat enger ganzer Hickecht aneren Deputéierten heibannen. Et ass elo keng Animositéit do, wann Dir dorobber erauswëllt.”

Op der Bilanspressekonferenz vun der Piratepartei haut virun engem Joer, hat den Deputéierten an deemolege Partei-Coordinateur Marc Goergen dem Ben Polidori säin Austrëtt bekannt ginn.

De Ben Polidori hat säi Parteiaustrëtt virun engem Joer ënner anerem mat Divergenze wéinst der interner Gestioun bei der politescher Sensibilitéit vun der Piratepartei begrënnt an hie steet haut nach ëmmer zu senger Decisioun vu virun 12 Méint.

“Jo, ech stinn nach ëmmer zu menger Entscheedung, wou ech virun engem Joer gemaach hunn. Ech mengen do ass net méi bäizefügen, wéi dat wat ech virun engem Joer gesot hunn.”

An de Sven Clement? Huet hie jee un een Austrëtt aus der Piratepartei geduecht? Hien huet eis dës kloer Äntwert ginn.

“(...) an déi ass, datt ech ëmmer Pirat war an deementspriechend dat och mäi Bëbee ass. An et freet ee jo och Elteren net, ob si hire Bëbee einfach wëllen opginn.”

De Marc Goergen wollt sech net zur Situatioun vu senger Partei ee Joer nom Depart vum Ben Polidori äusseren, an och net zu senger aktueller Zesummenaarbecht mam Sven Clement.

Wéi vill Memberen d'Piratepartei huet, ass iwwregens "nach net final validéiert".

play_arrow Lauschteren