Geschriwwe vum Pebia Urban
150 Leit sinn elo vun der Faillitte betraff. Laang gouf no engem Repreneur gesicht – dee gouf awer net fonnt.
De Robert Fornieri erkläert, datt ee mat der Direktioun op de gemeinsamen Nenner komm wier, datt d‘Salairen sou séier wéi méiglech mussen ausbezuelt ginn.
Do hätt et eng logistesch Pann ginn. Se géifen awer alles maachen, datt d‘Paie bezuelt ginn. Ee Curateur soll dat alles analyséieren an decidéieren, wéi et soll weider goen, sou d‘Erklärunge vum Robert Fornieri.
Eng Optioun wier de Verkaf. Dofir géif et schonn Interessente ginn. D‘Hoffnung ass déi, datt och d‘Aktivitéite mat iwwerholl ginn, datt d‘Leit hir Aarbecht net verléieren.
Mataarbechter:innen a Gewerkschaftler:innen op der Plaz soen. Datt si Moies net iwwer d‘Faillite informéiert goufen.