Radioen

On air

Notturno  |  Ayizan - Deblozay

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stierflechkeetstaux bei Kriibserkrankunge geet erof

Zu Lëtzebuerg

Stierflechkeetstaux bei Kriibserkrankunge geet erof

De Stierflechkeetstaux bei Kriibserkrankungen hei am Land wier zeréck gaangen. Zu där Konklusioun kënnt eng Etüd vum Luxembourg Institute of Health LIH.

auto_stories

1 min

Foto: Adobe Stock

Iwwer 24 Joer laang wieren dofir 24.000 krisebedéngt Doudesfäll analyséiert ginn. Erauskomm wier, datt de Stierflechkeetstaux fir all Kriibszorten zesummen ëm ronn 2 Prozent pro Joer zeréck gaange wier.

Grond wiere virun allem Progrèse bei der Fréierkennung a bei der Behandlung. Bei de Männer ass Longekriibs ëmmer nach déi Haaptdoudesursaach bei Kriibs – bei Frae Broschtkriibs. Allerdéngs géif et bei Fraen iwwer 59 Joer eng alarmant Hausse vu Longekriibs, esou nach den LIH.