arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Steve Witkoff fir Verhandlungen a Russland

Ukrainkrich

|
headphones

1 min

Steve Witkoff fir Verhandlungen a Russland

Dem Donald Trump no gëtt et haut en Treffe vun den USA mat Russland. Wien dobäi soll sinn, huet den US-amerikanesche President awer net preziséiert.

headphones

1 min

Steve Witkoff | © picture alliance / NurPhoto | Andrew Thomas
Steve Witkoff (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrew Thomas)

"Mir wäerte gesinn, wat geschitt", sot den Donald Trump virun amerikanesche Journalisten. Virun e puer Deeg hat hien ugekënnegt, hie géif säi Spezial-Emissär Steve Witkoff Mëtt der Woch op Moskau schécken, fir mat russesche Vetrieder iwwer en Enn vum russeschen Aggressiounskrich géint d'Ukrain ze schwätzen. 

Dem Donald Trump säin Ultimatum u Russland leeft am Prinzip iwwermuer of. Hien huet dem russesche President Wladimir Putin bis dohin Zäit ginn, ee Waffestëllstand an der Ukrain unzehuelen. Wann dat net geschitt, huet den Trump mat héije Stroftaxe géint Handelspartnere vu Russland gedreet.