arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sterilisatioun: Gynekolog Pit Duschinger verteidegt individuell Entscheedung

Santé

|
reading time

3 min

Sterilisatioun: Gynekolog Pit Duschinger verteidegt individuell Entscheedung

D'Caroline Wolff wollt sech mat 18 Joer steriliséiere loossen. Ma si wier an hirer Decisioun net eescht geholl ginn. Och de Planning Familial seet, datt Fraen an dem Kontext riskéieren entmëndegt ze ginn. De Gynekolog Pit Duschinger verteidegt déi individuell Entscheedung vun all Dokter.

reading time

3 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Zënter dem 1. Abrëll 2023 iwwerhëlt d’Krankekeess d’Käschte fir eng ganz Partie Verhiddungsmëttel, och d’Sterilisatioun. Mee bei jonke Fraen déi sech wëlle steriliséiere loossen, gëtt genee dës Decisioun nach dacks a Fro gestallt. 

D'Caroline Wolff huet an engem Temoignag bei eis op der Antenn erkläert, si hätt sech mat 18 Joer eng éischte Kéier iwwert d'Méiglechkeet informéiert, fir sech steriliséieren ze loossen. Dobäi wier si vun Ufank un op Schwieregkeete gestouss. Och dem Planning Familial no, géife Fraen, och wa si hire Choix wuel iwwerluecht getraff hunn a sech alle Konsequenze bewosst sinn, heefeg op Géigewand stoussen. 

"Net ouni ze diskutéieren"

De President vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Gynekologie de Pit Duschinger, seet Gynekologen hätte keng Virbehalter virun enger Sterilisatioun - och net bei enger jonker Fra. Mee den Dokter misst kënne sengem Gewëssen no agéieren.

“Also, ech mengen, dass een dat net kann esou generaliséieren, wéi dat do op deem Temoignage eriwwerkoum.”

D'Gynekologen hätte primär keng Virbehalter virun enger Sterilisatioun. Ma all Dokter hätt eng Liberté de Conscience. Déi wier och an der Verfassung verankert an déi misst och weider bestoe bleiwen. 

“Grad wann een iwwer eng Sterilisatioun bei enger méi jonker Fra diskutéiert, wou den Dokter sécher net wëllt déi Volontéit vun der Patientin a Fro stellen, mee en huet awer d'Recht där Damm ze soen, datt hie selwer dozou net ka stoen an eeben op dee Prinzip vun der Liberté de conscience kann zréckgräifen.”

Agrëff gëtt gemaach fir irreversibel ze sinn

Patientinne wieren sech oft och net bewosst wat esou een Agrëff wierklech bedeite géifen, fënnt den de Gynekolog Pit Duschinger. Hien selwer hätt scho Sterilisatioun duerchgefouert, och bei jonke Frae mee awer net ouni ze diskutéieren. 

“Also diskutéieren heescht net wëllen een ofbréngen dovun, mee einfach erausfannen, ob effektiv esou eng Decisioun geholl gëtt, mam volle Bewosstsinn”

Heiansdo hätten Patient:innen sech an dëst Theema “eigentlech e bëssen eragesteigert”, esou de Pit Duschinger. Si wiere sech am Endeffekt awer net wierklech bewosst, datt esou Agrëffer souwuel bei Männer wéi och bei Fraen eigentlech gemaach géife, fir irreversibel ze sinn.

Et hätt een och als Lëtzebuerger Gesellschaft fir Gynekologie absolutt keng "Weisungsberechtegung" fir hier Dokteren, esou nach de Pit Duschinger. 

De Planning Famillial huet am 100,7-Reportage kritiséiert, datt et keng Krittäre géif ginn, fir eng Sterilisatioun ze refuséieren. Op d’Fro op esou Krittären iwwerhaapt machbar wieren oder op dës um Enn erëm am Widdersproch mat der Liberté de conscience vum Dokter géifen stoen, sot den Pit Duschinger dat wier ouni Zweifel e Widdersproch.

Weder Politik nach Justiz kéinten Dokteren an den Eck drängen

Doriwwer eraus géifen et ganz begrenzte reng medezinesch Indikatioune ginn, fir eng Sterilisatioun duerchzeféieren. 

“An dat si meeschtens medezinesch Geforesituatiounen, déi duerch eng Schwangerschaft kéinte kommen.”

De Pit Duschinger mengt net, datt ee juristesch definéiere kéint wéini eng Sterilisatioun misst gemaach ginn. Weeder d’Politik nach d’Justiz kéint hei engem Dokter virschreiwen eppes ze maache mat dem en net d’Accord ass.