Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Stephanie Weydert gëtt nei Presidentin vun der Caritas Spezialkommissioun

CARITAS Spezialkommissioun

Stephanie Weydert gëtt nei Presidentin vun der Caritas Spezialkommissioun

D’CSV-Deputéiert Stephanie Weydert ass déi nei Presidentin vun der Caritas-Spezialkommissioun. D’Kommissioun huet dat um Mëttwochmoien unanime decidéiert. Dat confirméiert d’Vize-Presidentin Djuna Bernard op eis Nofro hin.

auto_stories

1 min

© Michelle Barthel

Weider sinn an der Kommissioun och déi nächst Rendez-vouse fixéiert ginn. D’CSSF a Vertrieder:inne vun der Justiz wäerten an den nächsten zwou Woche gehéiert ginn. Virun der Chrëschtvakanz sinn dann och déi concernéiert Ministèren an d’Spezialkommissioun ageluede sinn.

Fir déi genee Zäitschinn vun der Bedruchsaffär bei der Caritas kënnen ze rekonstruéieren, wäert d’Kommissioun am Januar der Rei no Caritas, PwC an dann och HUT héieren. D’Personaldelegatioun vun der Caritas, d’FEDAS an och d’Kierch wäerten da fir de Februar invitéiert ginn.