Radioen

On air

9 bis 1  |  Ice In My Eyes - Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stéphanie Weydert: Soulaang näischt confirméiert ass, leeën ech keng Mandater of

Interessekonflikt an der Spezialkommissioun?

Stéphanie Weydert: Soulaang näischt confirméiert ass, leeën ech keng Mandater of

Der Presidentin vun der Chamber-Spezialkommissioun Caritas Stéphanie Weydert gëtt een Interessekonflikt virgeworf. D'CSV-Deputéiert selwer streit deen of. Soulaang an deem Dossier näischt bewise wier, géing si och keng Mandater ofleeën.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
D'Stéphanie Weydert ass Presidentin vun der Chamber Spezialkommissioun Caritas. (Foto: Archiv)

D'Stéphanie Weydert erkläert am 100,7-Interview, datt si effektiv iwwerrascht ass, datt hir een Interessekonflikt virgehäit gëtt. 

D'Spezialkommissioun huet am Virfeld Invitatioune fir een Echange un d'Fondatioun Caritas an och un de Caritas Acceuil et Solidarité erausgeschéckt. Eng fräiwëlleg Opfuerderung, wéi d'Presidentin vun der Spezialkommissioun erkläert. Déi Invitatioun wier dann och kloer formuléiert gewiescht, seet d'Stéphanie Weydert.

"Ech hu ganz kloer an där Invitatioun geschriwwen, datt mir net wéilte mat den Enquêten an Instructiounen, déi vun der Justiz am Moment gemaach ginn, empietéieren, well et eeben e Secret de l'instruction gëtt."

Dowéinst wier si och elo iwwerrascht, well engersäits d'Base légale vun der Spezialkommissioun vun der Chamber a Fro gestallt géing ginn, an et eng Vermëschung géing ginn tëscht deem, wat eng Enquêtëkommissioun mécht, an den Aufgabe vun enger Spezialkommissioun vun der Chamber.

"Obwuel mir jo hei ganz kloer am Kader vun enger Spezialkommissioun sinn, déi eeben am Kader vun engem legislative Prozess agesat gouf", betount d'Stéphanie Weydert. Hiert Zil wier dann och kloer:

"Mir wëlle gären Amelioratiounen zu deem ganze legislative Kader maachen an evitéieren, datt sech esou eng Affär reproduzéiert."

"Ech hu mol kee Büro méi bei Arendt & Medernach"

Der Stéphanie Weydert hire Partei- a Fraktiounskolleeg Laurent Zeimet ass wéinst Interessekonflikter d'Presidence an souguer d'Memberschaft vun där Spezialkommissioun guer net ugetrueden. Si hätt sech och déi selwecht Fro gestallt an am Virfeld mat Confrèrë geschwat - sou wuel aus hirer Etude, wéi och aus aneren Etuden - fir ze froen, ob et e Risiko vun engem Interessekonflikt géing ginn.

"Ech hat meng eege Lektür vum Gesetz iwwert de Beruff vum Affekot an och de Règlement d'ordre interne gemaach an ech krut och do vun deenen anere Confrèrë confirméiert, datt ech hei net ee Conflit d'intérêts dierft sinn."

D'Stéphanie Weydert huet am 100,7-Interview och nach eng Kéier betount, datt si zwar nach an der Etude Arendt & Medernach ageschriwwen ass, awer do net méi hire Beruff ausüübt, zënter datt si Deputéiert ginn ass. Vun deem Ament u wier si nämlech am Congé politique.

"Ech consacréiere meng ganz Zäit a meng zwee Mandater als Buergermeeschtesch an als Deputéierten. Ech hunn dee Moment all d'Dossieren an der Etude, déi ech hat, ofginn an ni méi een neien ugeholl an ech hu mol kee Büro méi bei Arendt & Medernach."

Gëschter um Mëttwoch ass d'Decisioun an der Kommissioun geholl ginn, datt de Comité d'éthique vun der Chamber an de Bâtonnier sollen en Avis gefrot ginn. Dat geschitt elo. 

Falls een Interessekonflikt sollt vun deene béiden Instanze festgestallt ginn, géif d'Stéphanie Weydert och hir Konsequenzen zéien. "Mee soulaang ech net iergendwou d'Confirmatiounen hunn, datt ech ee Conflit d'intérêts hunn, gesinn ech net, firwat ech elo Mandater soll néierleeën", ënnersträicht d'Presidentin vun der Spezialkommissioun. 

Lauschterenplay_arrow