search

/ Stéphanie Obertin: Sich no neiem Uni-Rekter gëtt deemnächst lancéiert

Uni Lëtzebuerg

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Stéphanie Obertin: Sich no neiem Uni-Rekter gëtt deemnächst lancéiert

Bis d'Enn vum aktuelle Mandat vum Uni-Rekter Enn 2027 hätt si vollst Vertrauen an de Prof. Jens Kreisel, esou d'Héichschoulministerin Stéphanie Obertin am 100,7-Interview. D'Uni Lëtzebuerg hat jo e Freideg d'Entscheedung vum Jens Kreisel bekannt ginn, datt hie keen zweet Mandat als Rekter ustrieft.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

De Prof. Kreisel hätt si schonn am Juni doriwwer a Kenntnis gesat, esou d’Ministerin.

D’Uni Lëtzebuerg war an de leschte Méint wéinst hirer interner Gouvernance a wéinst dem Aarbechtsklima an de Schlagzeilen. Rieds goung ënner anerem vu Mobbing a vun engem toxeschen Aarbechtsklima.

Lescht Méint hu "Spueren hannerlooss"

Huet d’Entscheedung vum Uni-Rekter eppes mat dëse Problemer ze dinn? Dozou huet d’Héichschoul-Ministerin Stéphanie Obertin gesot:

“Ech mengen déi Méint, déi d'Uni elo duerchlieft huet, ware keng einfach. An ech sinn och iwwerzeegt, datt dat Spueren hannerléisst, fir jiddereen.”

D’Mandat vum Jens Kreisel als Rekter leeft nach bis d’Enn vum nächste Joer.

“An ech hunn do och vollst Vertrauen an de Rekter, datt hie seng Aufgaben – wéi mir se och an der Konventioun festgehalen hunn – och seng Aufgabe wäert unhuelen. Mir hunn nach eng ganz Rei Projeten um Lafen.”

Audite solle weider Opklärung bréngen

Der Ministerin no hätt d’Situatioun op der Uni Lëtzebuerg – wat d’Problemer ugeet - sech schonn normaliséiert. Trotzdeem wieren déi béid ugekënnegt Auditen néideg.

“Mee mir brauchen déi Auditen och fir ze gesinn, wou sinn nach aner Suergen, déi mir vläicht nach net opgedeckt hunn. Eng ganz Rei Saache si schonn ugaange ginn, an der Hoffnung, datt d’Situatioun sech berouegt, an datt jiddereen op der Uni och seng Freed erëmfënnt, fir do ze schaffen, an datt een net Angscht huet, datt een iergendwellech Represaillë misst erleiden. Ech mengen dat wier keng gutt Situatioun.”

Fir den externen Audit am Optrag vun der Uni wier – hirem Wëssen no – eng Offer festgehale ginn, esou datt dësen Audit nom Summer kéint ufänken. Beim zweeten Audit, dee vun hirem Ministère, iwwer d’Gouvernance vun der Uni, wier een nach an der Phas vun der Analys vun den Offeren, esou d’Stéphanie Obertin, déi awer net wëllt soen, wéi vill där Offeren et ginn.

Rekrutéierung fir d'Nofolleg steet un

An de Prof. Jens Kreisel wäert seng Funktioun als Rekter bis den 31. Dezember 2027 onageschränkt weiderféieren, hat d’Uni e Freideg matgedeelt. Vu Januar 2028 u wäert hien als Professer fir Physik a Materialwëssenschaften op der Uni Lëtzebuerg schaffen.

Fir datt vum 1. Januar 2028 un eng nei Rektorin oder en neie Rekter kann ufänken, soll an den nächste Wochen d’Rekrutéierungsprozedur vun der Uni lancéiert ginn.

 

play_arrow Lauschteren