arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Steierreform ännert Stellewäert vun der Famill, kritiséiert de Fred Keup

ADR

|
headphones

5 min

headphones

15 min

play_arrow

Steierreform ännert Stellewäert vun der Famill, kritiséiert de Fred Keup

Dem Gilles Roth seng Steierreform géing net just eppes un de Finanze vun der Famill änneren, mee och eppes un hirem Stellewäert. Dat seet den ADR-Fraktiounschef Fred Keup am 100,7-Interview. An dës gesellschaftlech Verännerung gefält him net.

headphones

5 min

headphones

15 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Relativ fréi huet d’ADR gëschter duerchblécke gelooss, datt si net bereet sinn, d’Pläng vum Finanzminister Gilles Roth a Saache Steierreform matzedroen. An dat trotz engem gudden Dialog mam Minister, esou de Fred Keup am 100,7-Interview.

Déjà-Vu Gambia-Regierung

Hien a seng Parteikolleeginnen a Kolleege stéiere sech dorunner, datt et keng reng Steierreform wier, mee eng gesellschaftlech Reform.

De Stellewäert vun der Famill géing verännert ginn, huet de Fred Keup um 100,7-Mikro betount. D’CSV-DP-Regierung wéilt ganz kloer d’Koppelen dozou bréngen zu zwee schaffen ze goen an d’Kanner a Betreiungsstrukturen ze ginn. Dat wier schonn ënner der Gambia-Koalitioun esou gewiescht, ënnersträicht de Fred Keup.

Gilles Roth géing seng Politik just "gutt verkafen"

D’ADR wier dofir, datt ëmmer d’Méiglechkeet bestoe sollt, datt een Elterendeel doheem ka bleiwen, fir sech ëm d’Kanner ze këmmeren.

Elo awer géing ee Familljemodell imposéiert ginn, bei deem déi zwee Elterendeeler schaffe ginn. De Gilles Roth seet zwar genee de Géigendeel - schliisslech soll et just nach eng Steierklass an Zukunft ginn - mee dat wier just, fir seng Politik "gutt ze verkafen", mengt den ADR-Fraktiounschef.

D'Famill als Basis vun der Gesellschaft

Datt wéi bis elo bestueten a gepacste Koppele bevirdeelegt gi sinn, hätt och "Sënn, Zweck a Berechtegung" gehat, esou de Fred Keup.

“D’Famill ass d’Basis vun der Gesellschaft. Et ass d’Zukunft. Mir kënnen dat net einfach esou ignoréieren.”

Eng Iddi vu senger Partei: Den Elteren, bei deenen een Deel doheem bleift, d’Käschte vun der Betreiung an enger Crèche zegutt halen. E sougenannten Elteregeld.

Hie weist sech och iwwerrascht, datt grad eng chrëschtlech-sozial CSV hei hir Wäerter géing opginn.

D’ADR géing iwwerdeems awer net alles un der Reform schlecht fannen a wier prinzipiell och ëmmer dofir, d’Steierlaascht op de Leit ze drécken, esouwäit de Budget et erlabe géing.

US-Interventioun a Venezuela: Och Lëtzebuerg hätt eppes dovun

International dominéiert den Donald Trump alt nees d’Aktualitéit. Datt den ADR-Politiker duerchaus Sympathië fir den US-President huet, verheemlecht hien net.

“Ech gesinn den Donald Trump manner schlëmm, wéi déi meescht politesch Aktivisten hei am Land.”

Wat d’Interventioun vun den USA a Venezuela ugeet, esou misst een dat als Chance fir dat venezuelanescht Vollek gesinn, mee awer och fir Lëtzebuerg.

Wa Venezuela dem Westen elo méi no kënnt, méi Ueleg gefërdert gëtt, da kéinten d’Ueleg- an Energiepräisser erofgoen, esou d’Hoffnung vum Fred Keup. Dovun hätt och Lëtzebuerg eppes.

US-Annexioun vu Grönland? "Dofir gëtt et absolutt kee Grond"

Ob d’USA d’Vëlkerrecht verletzt hätten, doriwwer kéint een dem Fred Keup no “diskutéieren”. An de leschten 30 Joer hätt een ëmmer nees änlech Aktiounen erlieft, och wann ee Verstouss deen aneren net legitiméiere kéint. Et sollt een awer och net maachen, wéi wann esou eppes nach ni geschitt wier, mengt den ADR-Politiker.

“Iwwer d’Method kann een diskutéieren, mee et ass eng Chance fir d’Vollek. Et dierf och net d’Reegel ginn. Mir si Verfechter vun engem gereegelten, diplomateschen Zesummeliewe vu Vëlker an Natiounen.”

An Zukunft kéint een esou Saachen net guttheeschen. Scho guer net am Fall vu Grönland. De Fred Keup gesäit "absolutt kee Grond" fir Grönland ze annektéieren. Als europäesch Natioune misst een an deem Dossier kloer zesummestoen.

“Dat ass eng Iddi, déi kënne mir eleng vun der Iddi hier net akzeptéieren.”

Kritik un der aktueller Klimapolitik

Op engem anere politesche Feld steet de Fred Keup allerdéngs mam Donald Trump nees op enger Linn: Skepsis vis à vis vun der aktueller Klimaschutzpolitik.

An engem rezente Facebook-Post huet den Oppositiounspolitiker d’Käschte vun der aktueller Klimapolitik zu Lëtzebuerg am Budget 2026 op 3,4 Milliarden Euro chiffréiert. Dat wiere 5.000 Euro pro Awunner:in.

Dës Zuelen, déi hien um Site vun der CSV gelies huet, géingen déi meescht Leit guer net kennen.

D’Zuele sinn aus dem aktuelle PNEC erausgeholl, dem Plan national intégré en matière d’énergie et de climat, deen allerdéngs och nach eng Rëtsch aner Investitioune virgesäit, wéi beispillsweis an den ëffentlechen Transport oder d’Sanéierung vun Haiser.

Als ADR géing een ëmmer d’Approche wielen ze kucken, wéi een d’Ausgaben erofdrécke kéint.

Déi "gréng Politik" huet verluer, esou de Fred Keup

Europa a Lëtzebuerg hätte sech mat der Green-Deal-Politik verfuer. Dat ass de Constat vum Fred Keup.

“Eng gréng Politik, déi verléiert, der Wirtschaft schuet an de Leit schuet.”

Weider huet de Fred Keup deemools a sengem Post op Facebook geschriwwen, hie géing d’Sue léiwer “fir Land a Leit” ausginn.

D’Kritik vum Oppositiounspolitiker ass och, datt d’Klimapolitik aktuell Millioune vun Euroe fir Saache virgesinn, déi “net vill bréngen”. Mesuren, déi um Klima näischt ännere géingen.

Falsch Prioritéiten

Hie mengt awer, datt d’Politik an deem Sënn an Zukunft ännere géing. Da kéim een nees "mat zwee Féiss op de Buedem".

“Lëtzebuerg, Däitschland, déi mengen, si kéinten d’Welt retten, dat ass net realistesch. Wirtschaftlech stagnéiere mir, d’Leit gi méi aarm, an et sinn déi falsch Prioritéite gesat ginn.”

Als Geographiesproff, deen ënner anerem Klimatologie studéiert huet, ass de Fred Keup weider der Meenung, datt een net zu 100 Prozent soe kéint, datt de Klimawandel mënschegemaacht ass. De Klima géing sech ëmmer änneren a wéi e sech an Zukunft entwéckele wäert, kéint een net virausgesinn, esou nach de fréieren Enseignant.

play_arrow Lauschteren