An enger éischter Phas solle bis zu 20.000 Menagë fräiwëlleg vun dëser Vereinfachung bei hirer Steiererklärung kënne profitéieren. Bis 2028 soll dës Zuel op 100.000 Dossiere klammen, hofft den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger.
"D'Personnes éligibles sinn am Ufank déi Leit, déi just de Salaire an oder eng Pensioun hunn, mat engem Minimum forfaitaire fir d'Dépenses spéciales a soss näischt ofsetzen."
Déi Bierger ginn den 3. Mäerz vun der Steierverwaltung ugeschriwwen an dann hu se bis de 7. Abrëll Zäit fir dorop ze reagéieren, ob si déi virausgefëllt Steiererklärung wéilten notzen oder net.
De Finanzminister Gilles Roth huet preziséiert, datt d’Steierverwaltung op Basis vun den Daten, op déi si schonn Zougank huet, wäert aktiv ginn.
"… dat heescht et ass net elo ‚Vogel friss oder stirb‘, mee et ass eng Propositioun."
Donieft huet de Gilles Roth ugekënnegt, datt hien der Chamber schonn dëst Joer ee konsensfäege Virschlag fir eng generell Individualiséierung bei der Besteierung wëllt maachen.
"Ech maache kee politeschen Harakiri an dofir kucke mer, datt mir engem absolutte Maximum vu Situatioune Rechnung droen an datt mir deen Iwwergang vun deem enge Regimm an deen aneren, esou duuss wéi méiglech maachen."
Am Regierungsprogramm haten CSV-DP sech dozou engagéiert, 2026 ee Reformprojet fir nëmmen nach eng eenzeg Steierklass wëllen ze presentéieren.
De Bäitrag
De Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger huet am Moiesstudio weider Erkläerungen iwwer d'Neierunge ginn