De Steierbarem, de Mindestloun an d‘Pensioune ginn nach eng Kéier un d‘Inflatioun ugepasst.
De Mindestloun gëtt un déi generell Lounentwécklung vun de leschten zwee Joer, ëm 2,6 Prozent, no uewen ugepasst. Déi selwecht Hausse gëllt fir de Revis a fir de Revenu pour personnes gravement handicapées. D‘Pensioune klamme vun dësem Januar un ëm 1,6 Prozent.
An Erzéiungsstrukture gëlle vun elo un iwwerdeems nei Restriktioune beim Gebrauch vun elektronesche Kommunikatiounsmëttel.