Dat froen sech Observateuren, nodeems déi dräi wichtegst Participanten – Trump, Xi a Putin - ofgesot hunn. Elo ass bekannt ginn, datt d‘USA warscheinlech guer kee Vertrieder op de G-20 Sommet zu Johannesburg a Südafrika schécken.
Washington hätt wëlles, d‘Treffe vun de wichtegsten Industrie- a Schwellelänner, e Samschdeg an e Sonndeg, komplett ze boykottéieren. Dat wier eng Première an der Geschicht vum G-20.
D'G-20-Staaten, zu deenen ënner anerem Däitschland, Japan a Saudi-Arabie gehéieren, treffe sech zënter 2008 reegelméisseg fir Sommeten.