arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stee vu Swift Hesper-Material ofgesot

Fussballclub

|
headphones

1 min

Stee vu Swift Hesper-Material ofgesot

Déi zoustänneg Etude huet op Facebook bekannt ginn, datt d'Stee déi haut um Mëttwoch hätt sollen ofgehae ginn ofgesot ass. Réischt Gëschter hat dës Etude public gemaach, datt eng ganz Partie Objete vum Fussballsclub solle versteet ginn.

headphones

1 min

Fussball | © Peter Glaser / Unsplash
Fussball (Foto: Peter Glaser / Unsplash)

Ënnert den Objete vum Fussballclub waren en Dëschtennis-Dësch, Hantelen, Bäll an och eng Kaffismaschinn.

Grond fir d'Stee wieren net bezuelte Rechnunge gewiescht, wéi de Presidentvum Swift Hesper, Fernand Laroche, op eis Nofro hin erkläert huet. Déi wiere awer gëschter beglach ginn an dofir wier d’Stee och annuléiert ginn.