arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Statutereform vun CGFP-Spëtzt scheitert um Widderstand vun eegener Basis

Staatsbeamtegewerkschaft

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Statutereform vun CGFP-Spëtzt scheitert um Widderstand vun eegener Basis

100,7-Informatiounen no, hu verschidden Ënnerorganisatioune vun der Staatsbeamtegewerkschaft kritiséiert, datt d’Textvirlag der CGFP-Spëtzt a Form mat engem neie Verwaltungsrot méi Muecht géif ginn. D’Ënnerorganisatioune géifen u Matsproocherecht verléieren. D'Statutereform gëtt elo iwwerschafft.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Ënnert anerem dowéinst gouf et um Donneschdegmoien an der Reunioun Kritik an Upassungsvirschléi un der geplangter Statutenännerung. Dat krut de radio 100,7 vu méi Sourcë confirméiert. 

De CGFP-President Romain Wolff huet op Nofro hi confirméiert, datt et déi Bedenke säitens der Basis gëtt an een dowéinst d’Statuten nach eng Kéier iwwerschaffe wéilt, fir se dann am September stëmmen ze kënnen.

Den Text konnt op der Reunioun  deemno net wéi vun der Exekutiv geplangt ofgestëmmt ginn. D’Statute musse wéinst dem neien ASBL-Gesetz iwwerschafft ginn

play_arrow Lauschteren