Am Oktober gëtt also eng éischt Etapp a Richtung Trounwiessel geholl. Gëschter huet de Grand-Duc Henri annoncéiert, datt den Ierfgroussherzog Guillaume am Oktober Lieutenant-Represéntant gëtt, an da progressiv Aufgaben am Numm vu sengem Papp iwwerhëlt.
De fréiere President vun der Chamber-Institutiounekommissioun Alex Bodry hat no der Ukënnegung vum Grand-Duc op X, dem fréieren Twitter, ze bedenke ginn, datt de geneeë Statut vum Lieutenant-Représentant an der Verfassung net kloer genuch definéiert wier.
Interpretatiounsdifferenze tëscht Chamber a Staatsrot
Effektiv hätt et am Kader vun der Verfassungsreform Interpretatiounsdifferenze ginn op deem Punkt tëscht Chamber a Staatsrot, erkläert den Alex Bodry. Konkret geet et ëm d’Fro, op déi Funktioun reng representativ ass, also datt de Lieutenant-Représentant Pouvoire kritt, déi de Grand-Duc weiderhin och selwer kann ausüben, oder - sou hat de Staatsrot et gesinn - op et sech wierklech ëm eng Attributioun vun deenen Aufgaben handelt.
"Wou an där Logik - an deem Avis vum Staatsrot nozeliesen - de Grand-Duc selwer déi Attributiounen net méi hätt, si kéinten dann nëmmen nach exerzéiert gi vum Lieutenant-Représentant."
Kloer Prezisioune sinn néideg
Op dësem Punkt hätt et bis haut ni eng Klarifikatioun ginn. Déi lescht Chamber hätt fir weider Konfusioun gesuergt, wéi si d’Eedes-Formel geännert hätt, déi de Lieutenant-Représentant muss ofleeën.
"Déi schwätzt elo och vun 'attributions constitutionelles.' Dat heescht lo hu mir op der enger Säit am selwechten Text stoen d’Notioun vu Representatioun, awer gläichzäiteg och an der Eedes-Formel stoen, datt et och 'attributions constituionelles' gi fir de Lieutenant. An dat ass eigentlech e Widdersproch."
Et wier dofir wichteg, datt am Arrêté vum Grand-Duc, duerch deen den Ierfgroussherzog zum Lieutenant-Représentant ernannt gëtt, kloer preziséiert géif ginn, wat säi Mandat genee beinhalt, sou nach den Alex Bodry.