An der Eurozon fält d’Reprise mat plus 0,6 bis 0,8 Prozent souguer nach méi kleng aus. Wat bedéngt ass duerch de Krich an der Ukrain, d’Energiekris an, doriwwer eraus elo och d'Europawalen. Mam neien Europaparlament misst ee mat enger Reorientéierung vun der Wirtschaftspolitik an Europa rechnen, mengt de STATEC-Direkter.
"Vläicht gëtt de Bannemaart och tangéiert, an dat ass fir Lëtzebuerg och ganz problematesch."
De Serge Allegrezza, insistéiert op déi bescheide Reprise vum PIB vun 1,5 Prozent am Grand-Duché:
"Mir si gewinnt un 3 Prozent. Mir hunn eis dru gewinnt, datt mer d’Croissance kënne kritiséieren. Mee a Wierklechkeet hu mer wierklech och do e Problem. Den Emploi huet jo och staark ralentisséiert, de Chômage geet erop.”
Méi am Detail leeft et virun allem um Bau net gutt. De Bastien Larue, Chef vun der Unitéit “Conjoncture” erkläert, datt all d'Indicateuren am Roude bleiwen. Donieft huet den Aarbechtsmaart zejoert méi lues gedréint, an e mécht dat och dëst Joer.
"On prévoit une croissance de l’emploi de seulement 1,3% pour 2024, ce qui est vraiment faible pour le Luxembourg.”
Den Tom Haas, Chef vum Département “Conjoncture, Modélisation et Prévisions”, sträicht ervir, datt a Saachen Energie d’Stéit relativ gutt geschützt gewiescht wiere virun enger Hausse vun den Energiepräisser.
"Déi Mesurë ware méi staark wéi am Ausland. Déi Mesurë waren och v.a. méi staark bei de Menagë wéi bei den Entreprisen, déi scho vill méi héich Präishaussen an deene leschte Joren haten."
Woubäi d’nächst Joer jo awer och fir d’Stéit de Stroumpräis klamme wäert. Doduerch dierft d’Inflatioun vun 2,3 Prozent dëst op 2,6 Prozent d’nächst Joer eropgoen.