Dat wier net transparent, kritiséiert d’LSAP.
Déi temporär Konventioune vun der Stad Lëtzebuerg mat HUT lafe bis den 31. Dezember dëst Joer.
Déi gréng froen sech am Kontext vun de Konventiounen, wéi dës an Zukunft wäerten iwwerpréift ginn. An déi Lénk sinn der Meenung, datt et kee Vertrauen an d’Organisatioun HUT géif ginn.