arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stad Lëtzebuerg: 3 Milliounen Euro fir den Trounwiessel?

Fesitivitéiten

|
headphones

3 min

headphones

15 min

play_arrow

Stad Lëtzebuerg: 3 Milliounen Euro fir den Trounwiessel?

D'Festivitéite fir den Trounwiessel brénge vill Ëmstellunge fir d'Bierger:innen an der Stad mat sech, seet d'Lydie Polfer. Am 100,7-Interview schwätzt d'Buergermeeschtesch iwwer de Verkéier, de Leerstand a spekuléiert iwwer de Budget fir den Trounwiessel.

headphones

3 min

headphones

15 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Déi gréisste Perturbatiounen am Verkéier ginn et wuel op der Rouder Bréck. Net fir d'Autoe mee haaptsächlech fir d'Vëlosfuerer an d'Foussgänger. Déi musse sech elo den hallwen Trottoir op enger Säit deelen. D'Vëlosfuerer mussen dowéinst fir de Passage iwwer d'Rout Bréck vum Vëlo klammen an drécken.

“Ech hoffen, datt d’Leit dat verstinn. Jidderee muss do e bësse gudde Wëlle weisen.”

D'Stater Buergermeeschtesch seet e geneeë Budget kéint si am viraus net ginn, well d’Käschte jo géife gedeelt ginn. D'Stad Lëtzebuerg wier fir d'Festivitéiten op der Rouder Bréck an um Glacis zoustänneg. De Recht géif d'Regierung iwwerhuelen.

“Well de Grand-Duc geet jo op Gréiwemaacher, op Wolz, op Stengefort an op Diddeleng. Alles dat iwwerhëlt d’Regierung.”

D'Rechnung wier séier gemaach

Et wéilt een awer nom Trounwiessel d'Zuelen transparent kommunizéieren, esou d'Buergermeeschtesch. 

Gewosst ass, datt d'Stad Diddeleng ronn eng hallef Millioun Euro fir d'Festivitéite vum Trounwiessel wäert op den Dësch leeën. Un där Zuel kéint ee sech orientéieren an et héich rechnen, seet d'Lydie Polfer am 100,7-Interview.

“Wann ee bedenkt, datt d’Stad Lëtzebuerg méi wéi sechs mol méi grouss ass ... da maacht mol sechs, da gesitt Dir ... Ech wëll net soen, datt et genee déi Zuel ass, mee da komme mir op eng Zuel, déi méi héich ass.”

Eidele Wunnraum an der Stad

D’Stad Lëtzebuerg wier net frou iwwer dee villen eidele Wunnraum an der Stad. 2008 hätt ee scho mol eng Etüd dozou gemaach, fir eraus ze fanne wéi vill Wunnraum reell eidel steet. Déi Donnéeën hätt een awer deemools aus juristesche Grënn missten eliminéieren.

E Projet de Loi dozou aus der viregter Regierung misst nach iwwerschafft ginn, esou d’Buergermeeschtesch.

Et wieren nach vill froen ze beäntweren, zum Beispill wéi eng eidel Wunneng definéiert gëtt a wéi een dat géif feststellen. Fir op Waasser- a Stroumrechnungen zouzegräife wier och net einfach, well dat ënner den Dateschutz géif falen.

Am Projet vun der Regierung geet et drëm e Register ze schafen an deem all d’Gebailechkeeten opgeféiert ginn. Dat wier awer eng “Hercules-Aufgabe” seet d’Lydie Polfer.

“Well dat géif jo heeschen, datt all d’Pläng vun all de Gebaier missten digitaliséiert ginn. (...) Dat kann net vun haut op muer gemaach ginn.”

Iwwerdeems hätt ee mol net vun all Gebai e Plang, well d’Gebaier deelweis ganz al wieren. Si géif schätzen, datt vun 10-15 Prozent vun de Gebaier keng Pläng géifen existéieren.

D’Lydie Polfer wier iwwerdeems net op Konfrontationskurs mam Logementsminister Claude Meisch, präziséiert si nach.

play_arrow Lauschteren