arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Staatsrot: Keng Awänn zum Gesetzesprojet Sonndesaarbecht, mee beim Platzverweis

Politik

|
headphones

1 min

Staatsrot: Keng Awänn zum Gesetzesprojet Sonndesaarbecht, mee beim Platzverweis

Dem Vott vun den 3 Gesetzprojeten, déi bei de Sozialronnen am Hierscht fir vill Diskussioune gesuergt haten, dierft näischt méi am Wee stoen. Dat nodeems de Staatsrot seng Avisen dozou ofginn huet. Ee Regierungsprojet suergt awer nach fir Kappzerbrieches.

headphones

1 min

Staatsrot | © Adobe Stock
Staatsrot (Foto: Adobe Stock)

Bei den Ouvertureszäiten a bei der Pensiounsreform huet de Staatsrot a sengen Avisen haut um Dënschdeg wuel nach eenzel Awänn formuléiert. E verbënnt déi awer mat Propositiounen, wéi déi aus dem Wee ze raume wieren.

De Projet Sonndesaarbecht gouf souguer tel quel duerchwénkt.

Platzverweis mat "ze vagen" Beschreiwungen

Problemer huet de Staatsrot awer ëmmer nach bei engem anere Regierungsprojet, nämlech de Pläng fir e Platzverweis, deen der Police nei Méiglechkeete soll gi fir Leit fortzeschécken.

D’Beschreiwung, a wéi enge Fäll eng Persoun kann opgefuerdert ginn ze goen, wier zum Deel ze vage fir esou eng Aschränkung vun de perséinleche Fräiheeten ze rechtfertegen, heescht et am Avis.