De Parquet hat den Dënschdeg matgedeelt, datt eng Instruktioun wéinst dem presuméierte frauduléise Verkaf vun engem Gemengenterrain un eng Immobiliegesellschaft opgemaach gouf. Den Déifferdenger LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch huet doropshin hei um Radio confirméiert, datt hie wéinst dem Verdacht vu Korruptioun an Traffic d'influence inculpéiert gouf. Op der Gemeng a bei him doheem hätt et Perquisitioune ginn.
Viséiert wier och d'Firma VOI sarl vum Fabrizio Bei, Geschäftsmann a President vum FC Déifferdeng.
De Guy Altmeisch sot eis, hie wéilt kooperéieren a géif seng Onschold beweisen. Hie wéisst net, wou d'Gemeng beim Verkaf vun der viséierter Immobilie bei der Schwämm soll schlecht ewechkomm sinn.
"Dee Projet do hu mir am Dezember 2024 am Gemengerot presentéiert an deen ass och vun de Conseillere gestëmmt ginn. Déi Chiffere loungen um Dësch an do ass ni vun engem defavorabelen Deal geschwat ginn, do ass geschwat ginn, datt dat ok wier an datt mir frou wieren, wa mir do déi Studentewunnenge kéinte realiséieren zu deem Präis, deen do feststoung. Dat ass och alles esou am Acte notarié festgehale ginn an dofir verstinn ech net, wou elo op eemol deen Desavantage fir d'Gemeng géif entstoen."
Dem Parquet no goufen et och Perquisitioune bei engem Notaire.
Den Déifferdenger Gemengerot ass de Moie fir eng ordinär Sëtzung zesummen.