arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Staat wëllt Offer fir de Site vu Liberty Steel maachen 

Regierung deelt mat

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Staat wëllt Offer fir de Site vu Liberty Steel maachen 

De Staat wéilt den Terrain vum Stolwierk tëschent Diddeleng a Beetebuerg no dräi Joer Inaktivitéit iwwerhuelen an nei affectéieren, annoncéiert d’CSV-DP-Regierung an engem Communiqué.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Wann dës Offer vum Curateur vun der Faillite acceptéiert gëtt, soll den Ekonomiesministère mat der Neigestaltung ufänken, heescht et nach am Communiqué. Zil wier et nei industriell Aktivitéiten an Aarbechtsplazen ze schafen. 

Iwwerdeems wéilt d’Regierung och d’Méiglechkeet ënnersichen, fir een Deel vum Site fir Projeten aus dem Beräich Defense ze notzen.

Nach aner Offeren

De Robert Fornieri vum LCGB seet am 100,7-Interview, datt déi Offer vum Staat awer net déi eenzeg ass déi beim Curateur um Dësch läit.

Mais ce sont des offres qui sont prêtes à reprendre une partie des locaux ou des lieux d'une manière partielle. Et les activités qui y seraient faites ne sont pas encore très claires, mais ce sont des activités qui seraient assez proches de ce qui existait avant au niveau du parachèvement."

Et läich elo um Curateur fir déi verschidden Offeren ze vergläichen.

De Robert Fornieri präziséiert och, datt nach 100 fréier Mataarbechter:inne vu Liberty Steel keng nei Aarbechtsplaz fonnt hunn. 

A wann si och Recht hunn op garantéiert Indemnitéite wéinst der Faillite, esou sinn dës awer limitéiert op 6 Mol den onqualifizéierte Mindestloun. Eng Partie vun de Leit hunn awer eng laang Anciennetéit an hir Indemnitéite leien iwwert där Garantie.

play_arrow Lauschteren