Dofir huet de Staat dem Curateur déi Offer gemaach. Deen huet se acceptéiert, dat äntweren déi dräi Ministere Backes, Spautz an Delles an enger parlamentarescher Fro.
De Staat plangt, op een Deel vum Site, e sougenannten Handwierkerhaff ze schafen, wou sech Handwierksbetriber kënnen implantéieren. Op den aneren Deel soll en "Defense Campus" kommen, wou Betriber aus dem Defense-Secteur sech kënnen usidelen.
Wéi eng Betriber genee do sollen hikommen, ass nach net gewosst.
Déi 150 Leit, déi nach bei Liberty Steel geschafft hunn, hunn iwwerdeems keng Prioritéit fir an deenen neie Betriber agestallt ze ginn.