Dem Minister no ginn d’Subventioune fir d’Air Rescue ëm 40 Prozent eropgesat. De René Closter vun der LAR erkläert, datt de Budget also vun 1,4 Milliounen Euro op 2 Milliounen Euro eropgesat wäert ginn. Hannergrond sinn déi aussergewéinlech Käschten, mat deenen d’Rettungsorganisatioun aktuell konfrontéiert ass.
D’Luxembourg Air Rescue (LAR) hat Enn Abrëll eng offiziell Demande fir finanziell Ënnerstëtzung beim CGDIS agereecht. Als Grënn goufen ënner anerem déi héich Energiepräisser, logisteschen Erausfuerderungen an déi aktuell geopolitesch Entwécklunge genannt.
Besonnesch de Präis fir Kerosin hätt sech an de leschte Woche bal verduebelt, wat grouss Auswierkungen op d’Käschte vun den Helikopter- an Ambulanzflich huet.