arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Staat a Gemengen ënnerschreiwe Konventioun beim TICE

Syndicat mixte

|
headphones

1 min

Staat a Gemengen ënnerschreiwe Konventioun beim TICE

De Staat an déi néng Membergemenge vum TICE hunn d‘Konventioun ënnerschriwwen, fir bis 2027 e Syndicat Mixte ze schafen. Dat deelen d'Ministèrë fir Mobilitéit, Finanzen an Intérieur an engem gemeinsame Communiqué um Freidegowend mat. D‘Konventioun wier e Méindeg ënnerschriwwe ginn.

headphones

1 min

D'Konventioun reegelt de Finanzement an d‘Organisatioun fir d‘Exploitatioun vun den ëffentlechen Transportmëttel duerchd en TICE am Süden.

Dobäi gëtt den aktuelle Gemengesyndikat duerche Syndicat Mixte tëschent Staat a Gemengen ersat. Eng éischt Etapp an der entspriechender juristescher Prozedur gouf gëschter um Freideg geholl.

Staat bedeelegt sech mat méi wéi 700 Milliounen 

De Regierungsrot huet den Avant-Projet de Loi ugeholl, fir de Finanzement vun de Bus-Servicer an de néng Gemengevum Kanton Esch iwwer en Zäitraum vun 10 Joer ze sécheren.

Dobäi soll de Staat sech mat méi wéi 700 Milliounen Euro bedeelegen, an d‘Gemenge mat engem Maximum vun 150 Milliounen Euro.