Zu Miersch sinn 149 Liter Reen de Metercarré bannent 12 Stonne gefall – um Findel waren et der 123 – alle béid Rekordwäerter, esou déi zoustänneg Autoritéiten. D‘Rettungsdénschter waren da bal 400 Mol am Asaz – dat a 24 Gemengen.
Et sinn iwwer 850 Noutriff agaangen an 12 Leit goufen a Sécherheet bruecht. 3 goufe relogéiert, esou een neie Bilan. Et gouf awer kee blesséiert. D‘Police war 30 Mol am Asaz.
Ponts et chaussées raumt d'Stroosse fräi
Ponts et chaussées mellt 47 Interventiounen: Déi meescht wéinst ëmgefallene Beem, Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen. Ronn 50 Stoossen waren impaktéiert, déi meescht dovu rondërem d'Stad Lëtzebuerg. D'Ekippen sinn nach am Gaangen d'Stroosse fräi ze raumen.
Op enger ganzer Parti RGTR-Linne falen Arrêten aus. Den Detail fannt dir op mobilitéit.lu.
Campingen net betraff
D'ASBL Camprilux deelt op Nofro hi mat, datt déi meescht Campingen am Norde leien an dowéinst net vun den Iwwerschwemmunge betraff gewiescht wieren. Ausser natierlech déi normal Situatioun bei villem Reen. Et hätt een awer mat Zäiten gewarnt, deemno wier et zu kengem Incident koum, esou nach Camprilux.
Wéi war d’Situatioun um Dënschdegmoien?
De Rick Mertens war zu Rolléng bei Miersch ënnerwee an huet do mat Betraffene geschwat. Rolléng gouf am Géigesaz zu der Stad zum Beispill méi schlëmm getraff.
Lauschtert hei de Rick Mertens vu Rolléng
De Jacques Ganser war de moien zu Esch ënnerwee - do hat de Reen net esou staark Auswierkungen.
Lauschtert hei de Jacques Ganser vun Esch
De Meteorolog Adnan Ceman vu Meteolux huet zouginn, datt een d’Situatioun liicht ënnerschat hätt.
Lauschtert de ganzen Interview mam Meteorolog