De François Bayrou hätt vun deene Virfäll gewosst, mee net agegraff. An dofir hätt déi Gewalt kënne weidergoen, esou d‘Konklusioun vun der Enquêtëkommissioun. Juristesch Schrëtt sollen et awer keng géint de François Bayrou ginn.
De Bayrou ass och perséinlech an där Affaire betraff. Seng Fra huet an där Schoul enseignéiert a seng Kanner sinn och do an d‘Schoul gaangen.
D‘Affaire Bétharram ass de gréisste Mëssbrauchsskandal an enger kathoulescher Schoul, deen et jee a Frankräich ginn ass.