Haut stellt Iech d’Valerija Berdi a senger Sendung Valibrairie zwou Damme vir, déi mat hirer Literatur net nëmme si iwwerzeegt hunn.
Déi eng ass déi syresch Poetin Maram al Masri. Si krut dëst Joer um Festival de Prix Ganzo. E Präis fir d’Poesie, mat deem viru genee 10 Joer d’Anise Koltz zu Saint Malo ausgezeechent ginn ass. Wat e schéinen Zoufall a grad esou eng schéin Iwwerraschung war, wou si an der Maram al Masri hirem Gedichtsband "Je te menace d’une colombe blanche" (Editions Bruno Doucey), d’Nowuert entdeckt huet. D'Postface huet de Lambert Schlechter verfaasst.
E schrecklecht Evenement als Virlag fir e Roman
Déi zweet Schrëftstellerin ass d’Hala Moughanie. D’Libanesin beschreift an hire Roman "Les bestioles", deen am Verlag elyzad eraus komm ass, d’Situatioun vun engem Epicier, deen d’Explosioun um Hafe vu Beirut de 4. August 2020 iwwerlieft huet.
2.750 Tonnen Ammoniumnitrat waren explodéiert. Et gouf iwwer 200 Doudesaffer, méi wéi 6.500 Blesséierter a méi wéi 300.000 Mënsche waren do ouni Daach iwwer dem Kapp bliwwen.
Dës Katastroph, matten an der Covid-Pandemie, a wärend der dramatesch wirtschaftlecher a politescher Kris am Libanon, huet natierlech d’Populatioun gepräägt.
Am Roman "Les bestioles" begleede mer véier Deeg laang de Protagonist duerch d’Trümmer vu Beirut, seng Renconteren a seng Iwwerleeungen, seng Trauer, seng Roserei a seng Zweiwel un den Informatiounen, déi d’Vollek kritt huet iwwer des katastrophal Explosioun.
Zwou literaresch Stëmmen, déi iwwer hier Wierker, hier perséinlech a gesellschaftlech Situatioun erzielen.
Lauschtert hei déi ganz Valibrairie