arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Staark Iwwerschwemmungen zu Texas 

USA

|
reading time

1 min

Staark Iwwerschwemmungen zu Texas 

Bei Iwwerschwemmungen am amerikanesche Staat Texas sinn op d‘mannst 24 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Et gi nach méi Leit vermësst, dorënner Kanner, déi an engem Summer-Camp fir Meedercher waren. Riets geet vun 25 Meedercher, déi nach géife vermësst ginn.

reading time

1 min

De Floss Guadalupe ass banne 45 Minutten ëm aacht Meter geklommen | © Garrison Flood Control
De Floss Guadalupe ass banne 45 Minutten ëm aacht Meter geklommen (Foto: Garrison Flood Control)

Wéinst staarkem Reen ass de Niveau vum Floss Guadalupe am Zentrum vum Texas banne 45 Minutten ëm aacht Meter geklommen. 

Vill Autoen, an deen nach Leit waren, goufen ewech geschwemmt. Eng 500 Member vun de Rettungsdéngschter a 14 Helikoptere sinn am Asaz. 

D‘Gefor ass nach net eriwwer. D‘Autoritéiten hu virun enger weider Flutwell gewarnt.