Fënnef Deeg laang streiken d'Resident Doctors. Also qualifizéiert Dokteren, déi nach an der spezialiséierter Weiderbildung sinn. Si maachen ongeféier ee Véierel vun all den Dokteren a Groussbritannien aus.
Rekordhéich Zuel u Patienten
Mee dëse Streik kënnt an enger ganz ongënschteger Zäit fir d‘brittesche Gesondheetssystem. Et ass eng sougenannte Supergripp am Ëmlaf, déi nei Rekorder opstellt.
An der éischter Woch am Dezember waren am Duerchschnëtt 2.660 Grippepatiente pro Dag an de Spideeler ënnerbruecht. Dat war déi héchst Zuel, déi ëm dës Joreszäit jee opgezeechent gouf.
De Streik kéint elo zum 'worst caste scenario' féieren, warnt d‘brittesche Gesondheetssystem NHS.
"Absolut verantwortungslos"
Och de Keir Starmer war däitlech an senger Kritik iwwer d‘Streikaktiounen.
"Se si geféierlech an absolut verantwortungslos. Mäi Message un d‘Resident Doctors ass: Loosst Patienten net am Stach. Schafft mat eis, fir d‘Konditiounen ze verbesseren an d‘NHS rëm opzebauen.“
D‘Gewerkschaft British Medical Association fuerdert, datt d‘Salaire vun de Resident Doctors em 26 Prozent erhéicht ginn. De Stonneloun fir ee Resident Doctor am éischte Joer läit zum Beispill momentan bei bësse méi wei 20 Euro d‘Stonn.
"Festlech Impf-Evenementer"
Et ass de 14. Streik vun den Dokteren, déi viru kuerzem eng Offer vun der Regierung ofgeleent haten. De battere Sträit wäert also am neie Joer weidergoen.
Gläichzäiteg probéiert d‘NHS sou vill Leit wei méiglech ze impfen. Zu London organiséiert se zum Beispill „Festive flu jab events“, wou Klinicken hir Dieren opmaachen, fir d‘Leit séier an onkomplizéiert géint d‘Gripp an och géint Covid ze impfen. Sou gëtt gehofft, datt iwwer Chrëschtdag net nach méi Leit schwéier un der Gripp erkranken.