Nom Juni huet déi Europäesch Zentralbank hir Leetzënsen elo am September eng zweete Kéier fir dëst Joer reduzéiert. Bei der Spuerkeess wäert de Schrack vun dësem Mount net zu enger Upassung vun den Zënstauxe féieren, erkläert de Claude Hirtzig. Op den 1. Oktober wäert d'Spuerkeess d'Zënsen net upassen. Dat hätt d'Bank schonn am Juni, Juli gemaach an der Decisioun domat virgegraff.
"Mir ginn allerdéngs dovun aus, dass nach weider Zënsbaissë vu Säite vun der Zentralbank kommen, am Laf vum Joer, an dass mer dat och wäerte reperkutéieren.“
Et wier warscheinlech, datt et am Dezember eng weider Baisse vun de Leetzënse wäert ginn, an eng weider Ufank 2025.
Nofro no Prête klëmmt
Datt d'Zënstauxe schonn zeréckgaange si géif hëllefen, datt d'Nofro no Prête geklommen ass. Zwee Drëttel vun de Prête géife mat engem fixen Zënssaz ofgeschloss ginn. Déi wieren och méi bëlleg wéi nach virun engem Joer.
"An Taux-fixe-Prêten op länger Lafzäite sinn effektiv ee Prozent méi bëlleg, wéi dat virun engem Joer nach de Fall war.“
Doduerch, an duerch d'Upassung vun den Immobiliepräisser, wier den Interessi bei de Spuerkeess-Clienten no Prête méi grouss ginn.
"Wat elo effektiv déi nei Kreditter ugeet, déi scho vergi gi sinn: Ech géif soen, zanter Ufank vum Joer wäerte mir bei engem Véierel bis engem Drëttel méi Dossiere si wéi d’lescht Joer iwwer déi selwecht Period.“
BIL diskutéiert nach, wéi et mat Zënspolitik virugeet
Bei bestoenden Immobilie wieren d'Präisser definitiv gefall. Bei neie Constructioune missten d'Präisser sech awer warscheinlech nach upassen, fir datt den Interessi méi grouss gëtt, esou de Claude Hirtzig vun der Spuerkeess.
Wat Kreditter mat variabelem Taux ugeet, hat d'BIL den Zënstaux op den 1. Juli ëm 0,25 Prozentpunkte reduzéiert. Dat huet d'Bank eis op Nofro matgedeelt. Wéi et mat der Zënspolitik bei der BIL virugeet, géif de Moment nach diskutéiert ginn. BGL BNP PARIBAS huet eis geschriwwen, si géif d'Changementer vun den Zënstauxe genee suivéieren. Detailer dozou wollt och dës Bank net verroden.