D’Unerkennung erauszezögere wier “net méi glafwierdeg oder haltbar”, sot den ireschen Ausseminister den Dënschdeg. Hien hätt mat anere Länner, déi u Friddensinitiativen am Gazakrich bedeelegt wieren, Gespréicher iwwer dës Unerkennung gefouert an hätt d’Intentioun, der Regierung ee formelle Virschlag fir d’Unerkennung ze ënnerbreeden, esoubal déi international Diskussiounen ofgeschloss wieren, esou de Micheál Martin.
Och de spuenesche Regierungschef Pedro Sánchez huet eng zäitno Unerkennung ugekënnegt an Israel hefteg kritiséiert. D’Unerkennung wier richteg well déi gesellschaftlech Majoritéit dat géif verlaangen, well se am geopoliteschen Interessi vun Europa géif leien a well déi international Gemeinschaft dem palästinensesche Staat net kéint hëllefen, wa se en net géif unerkennen, esou de spuenesche Sozialist Pedro Sánchez haut am Parlament zu Madrid.
Lëtzebuerg fir eng Zweestaateléisung
A wéi positionéiert sech Lëtzebuerg par rapport zu enger Unerkennung vun engem palästinensesche Staat?
Enn Februar hat de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden nom Regierungsrot der Press gesot, datt Lëtzebuerg dee Schratt nach net kéint maachen, well et nach keen offizielle Staat Palästina oder e Staatsgebitt géif ginn.
„Et geet jo net duer, eng Unerkennung vun eppes ze maachen, an de Staat setzt sech nun mol eemol zesummen aus e puer Elementer, dovunner en Territoire, an deen ass bis dato net definéiert.“
Lëtzebuerg géif awer virun zu der Zweestaateléisung stoen, sou de Luc Frieden.
Op eis Fro ob sech no der Annonce vu Spuenien an Irland och un der Lëtzebuerger Positioun eppes geännert huet, krute mir bis ewell keng Äntwert vun der Regierung. Eng entspriechend Petitioun hat Enn Mäerz iwwer 5.000 Ënnerschrëfte kritt an domat déi néideg Unzuel fir ëffentlech an der Chamber diskutéiert ze ginn.