arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fuerderung aus der Wirtschaft: Spuenien regulariséiert ronn 800.000 Leit ouni Pabeieren

Migratiounspolitik

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Fuerderung aus der Wirtschaft: Spuenien regulariséiert ronn 800.000 Leit ouni Pabeieren

Déi spuenesch Regierung huet annoncéiert tëschent 500.000 an 800.000 Migranten, déi ouni Pabeieren a Spuenien liewen, ze regulariséieren. Entgéint dem aktuellen internationalen an europäeschem Trend wat Migratiounspolitik ugeet. Erklärunge vun eiser Korrespondentin Aurélie Chamerois.

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow
Pedro Sanchez  | ©  picture alliance / Juan Carlos Rojas | Juan Carlos Rojas
Pedro Sanchez (Foto: picture alliance / Juan Carlos Rojas | Juan Carlos Rojas)

Déi spuenesch Regierung geet domat op eng Biergerinitiativ an, déi zejoert 700.000 Ënnerschrëfte gesammelt huet. Domat gouf se vum Parlament iwwerpréift. Zënter Jore ass dëst eng Fuerderung aus der Wirtschaft, virop dem Bau an der Landwirtschaft. An deene Secteure besteet ee grousse Manktem un Aarbechtskräften, deen esou kann opgefaange ginn.

Accès zu ëffentlechen Déngschter a Gesondheetsservicer

Fir eligibel ze si fir dës Mesür, muss ee beweise kënnen, datt ee virum 31. Dezember zejoert wärend fënnef Méint a Spuenien gelieft hat an net virbestrooft ass.

D‘Regierung huet och eng acceleréiert Prozedur versprach, esou datt d‘Demandeure mam Erareeche vun hirer Demande, legal schaffen dierfen.

Gëtt hir Demande ugeholl, kréie si eng Openthaltsgeneemegung vun engem Joer, déi awer verlängert ka ginn. Dëst erlaabt et de Leit, legal ze schaffen, awer och den Accès zu ëffentlechen Déngschter, notamment an de Gesondheetsberäich.

Regierung reagéiert op Fuerderung vun de Lénken

Et ass net déi éischte Kéier, datt eng spuenesch Regierung esou eng Mesure ergräift. Déi spuenesch Ekonomie hänkt nämlech staark vun der Awanderung of. 

Et ass awer och eng Fuerderung vun de Lénken, vun deenen d‘Regierung fir hir Stabilitéit ofhängeg ass. Déi ass dës Lescht an d‘Schwanke geroden, well de spuenesche Premier Pedro Sanchez, wéinst Geriichtsaffäre géint seng Famill, an eng Rei Skandaler involvéiert war.

Déi riets Vollekspartei (Partido Popular) geheit dem Premier dowéinst och vir, mat dëser Annonce vun de Skandaler oflenken ze wëllen. 

play_arrow Lauschteren