Déi Zäitëmstellung an Europa gëtt et jo scho laang an et gëtt och scho laang driwwer diskutéiert, fir se eventuell nees ofzeschafen.
D‘Europaparlament hat 2019 schonn dofir gestëmmt, d‘Zäitëmstellung ofzeschafen, mee well et keen Accord ënner den EU-Staate gëtt, ass se bliwwen.
An dëser Woch virun der Ëmstellung gouf de Debat awer duerch Spuenie relancéiert. Do huet d‘Regierung gefuerdert, datt d‘Zäitëmstellung d‘nächst Joer dann elo awer soll ofgeschaaft ginn.
Weider Detailer huet eis Spuenien-Korrespondetin Aurélie Chamerois