D'Autoritéite rechnen eleng haut mat bis zu annerhallwer Millioun zousätzlechen Autoen. Virun allem am Norde vu Spuenien an op de Baleare gëtt mat vill Trafic gerechent.
Vill Hoteller si schonn zënter Méint ausgebucht. Iwwer 33.000 Poliziste wieren am Asaz. Zwou Millioune Schutzbrëller goufe gratis verdeelt.
Nieft méigleche Staue mécht den Autoritéite virun allem déi héich Bëschbrandgefor Suergen. D'Visiteure sollen dofir just ausgewisen Observatiounsplaze benotzen.