De Waffenembargo ass een Deel vun engem neien Aktiounsplang, deen, dem sozialistesche Premier Pedro Sanchez no, dozou bäidroe soll, de Genozid an der Gazasträif ze stoppen.
Am Ganze sollen 10 Mesuren direkt a Kraaft trieden: Dozou gehéiert och een Arees-Verbuet fir Persounen an en Importverbuet fir Produiten aus israeelesche Siidlungen. Israel huet sengersäits dowéinst der spuenescher Vize-Premierministerin verbueden, an Israel anzereesen.